D’Informatiounsversammlunge fanne statt:
- de 07/10/2024 – op Franséisch (18h00 -19h30)
- den 16/10/2024 – op Lëtzebuergesch (18h00 -19h30)
Privatpersounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, de Beruff wiesselen oder hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d’Weiderbildung.
D’Bäihëllefsmoossnamen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, kënne follgend Formen unhuelen:
- Bezuelte Spezialcongé: Individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé fir sech ze forméieren, woubäi d’Remuneratioun iwwerholl gëtt
- Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun en fonction vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
- Finanziell Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien, Programm Erasmus+…
Déi verschidde Mesuren, fir d’Demarchë fir den Zougang zur Formatioun ze vereinfachen gi presentéiert.
D’Informatiounsveranstaltung gëtt als Presentiel-Veranstaltung (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D’Participantë vun der Presentiel-Veranstaltunge kréien och d’Méiglechkeet direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.
D’Participatioun ass gratis, mä d’Umeldung ass obligatoresch.