SN2902L - Fait ou Fake – Desinformatioun verstoen

Contenu

Wat ass wouer a wat ass falsch? Wéi erkenne mir Fake News? A firwat verbreede sech falsch Informatiounen esou séier, besonnesch an de soziale Medien? 

An dësem interaktive Workshop entdeckt Dir, wéi Desinformatioun funktionéiert, wie se verbreet a wéi eng Ziler domat verfollegt ginn.  
Zesumme gi mir der Fro no, wéi Desinformatioun eis Meenungen, eis Entscheedungen an eist demokratescht Zesummeliewe beaflosst. 

Wat erwaart Iech? 

  • Entdeckt, wéi Fake News entstinn a firwat se verbreet ginn. 
  • Léiert, wéi Dir zouverlässeg a falsch Informatiounen ënnerscheede kënnt. 
  • Gitt gewuer, mat wéi enge prakteschen Tipps an Hëllefsmëttel Dir Informatiounen iwwerpréiwe kënnt. 
  • Entwéckelt zesumme Strategien, fir Desinformatioun ze erkennen a richteg drop ze reagéieren. 
  • Tauscht Iech iwwer Är eegen Erfarunge mat Medien a sozialen Netzwierker aus. 

Sessions

Il n'y a pas de cours de prévu dans les prochains jours.