SN4901L - Living Library

Contenu

Jidderee Mënsch huet eng Geschicht ze erzielen. An der Living Library sinn d'Bicher keng gedréckte Säiten, mee Mënschen, déi hir perséinlech Erfarungen a Liewensgeschichten mat aneren deelen. 

D'Living Library ass e Projet vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), dee Mënschen zesummebréngt, fir Virurteeler ofzebauen, den Dialog ze fërderen an nei Perspektiven ze entdecken. 

An dëser Informatiounssessioun léiert Dir de Projet kennen a gitt gewuer, wéi Dir Iech selwer als „Liewegt Buch“ engagéiere kënnt.  

Wat erwaart Iech? 

  • Entdeckt d'Konzept an d'Ziler vun der Living Library. 
  • Léiert verschidde Lieweg Bicher an hir Geschichten kennen. 
  • Gitt gewuer, wéi Dir selwer e Liewegt Buch kënnt ginn a wéi mir Iech dobäi begleeden. 
  • Tauscht Iech iwwer Är eegen Erfarungen aus a stellt Är Froen. 
  • Vläicht ass och Är Liewensgeschicht e Buch, dat et wäert ass, erzielt ze ginn! 

Méi Informatioune fannt dir op www.livinglibrary.lu ! 

Sessions

Il n'y a pas de cours de prévu dans les prochains jours.