SN4301L - D'Geschicht vun der Gewerkschaftsbewegung ass ontrennbar vun där vu Lëtzebuerg an de kollektiven Kämpf, déi de soziale Fortschrëtt vum Land geformt hunn

Contenu

1. Sessioun (1848–1919): 

D'Ufäng vun der Aarbechterbewegung virum Hannergrond vun der Revolutioun vun 1848 – d'Grënnung vun deenen éischte Gewerkschaften an Aarbechter-Ënnerstëtzungsverainer an den 1860er Joeren:

  • den Afloss vun auslännesche Modeller;
  • e gesetzleche Kader, deen d'Grënnung vun Gewerkschaften limitéiert;
  • den Ofschloss vun deenen éischte Kollektivverträg an den 1890er Joren;
  • de Boom vu Gewerkschaftsgrënnungen um Ufank vum 20. Joerhonnert an d'Ufäng vun der Krankeversécherung;
  • de „Cartel syndical“ vu 1905;
  • d'Ufäng vun de Gewerkschaften bei de Beamten an Employé‘en;
  • de bluddege Streik vun 1912 zu Déifferdang;
  • d'Auswierkungen vum Éischte Weltkrich an d'Grënnung vun deenen éischte Massegewerkschaften an der Industrie;
  • den Aacht-Stonnen-Dag, déi éischt grouss gewerkschaftlech Errungeschaft. 

2. Sessioun (1920–1940): 

Vun den Urspréng vum OGBL (Zesummeschloss vum BHAV an dem LMAV) bis zur Grënnung vum LCGB:

  • d'Auswierkung vun der Spaltung tëscht Sozialisten a Kommunisten op d'Gewerkschaftsbewegung;
  • de grousse Streik vun 1921;
  • d'Neiorientéierung vun de fräie Gewerkschaften no 1921;
  • d'Grënnung vun der Aarbechterpartei an d'Iwwernahm vum „Tageblatt“ duerch d'Gewerkschaften;
  • d'Entwécklung vun de Gewerkschaftskooperativen;
  • d‘chrëschtlech Gewerkschaften an der Tëschekrichszäit;
  • d’Gewerkschafte vun de Beamten an Employé’en an der Tëschekrichszait;
  • d'Allianz tëscht LBMIAV an LCGB an d'grouss Demonstratioun vum Januar 1936;
  • d‘''Legaliséierung“ vun der Gewerkschaftsbewegung an déi éischt national Tripartite-Organer;
  • d'Gewerkschaftsbewegung an d‘„Maulkuerf“-Gesetz;
  • d'Reaktioun op d'Nazi-Menace. 

Sessions

-
-
Cours en présentiel
Luxembourg
30 €