SN2903L - #MengChamber – En Abléck an d'Lëtzebuerger Parlament

Contenu

Wéi funktionéiert eis Demokratie? Wat maachen d'Deputéiert eigentlech? A wéi entsteet e Gesetz zu Lëtzebuerg? 

Am interaktive Workshop #MengChamber entdeckt Dir d'Aarbecht vun der Chamber a gitt gewuer, wéi politesch Entscheedungen zu Lëtzebuerg getraff ginn. 

Direkt op der Plaz, an der Chambre des Députés, léiert Dir d'Funktiounsweis vun eisem Parlament kennen. Duerch verschidden Aktivitéite kritt Dir en Abléck an den Alldag vun den Deputéierten an entdeckt, wéi eng Roll d'Chamber an eiser parlamentarescher Demokratie spillt. 

Wat erwaart Iech? 

  • Entdeckt d'Lëtzebuerger Chamber an hir Funktiounen. 
  • Léiert d'Aufgaben an d'Roll vun den Deputéierte kennen. 
  • Gitt gewuer, wéi Gesetzer entstinn a wéi politesch Entscheedunge getraff ginn. 
  • Tauscht Iech iwwer d'Bedeitung vum Parlament an d'Méiglechkeete vun der demokratescher Matbestëmmung aus. 

Sessions

Il n'y a pas de cours de prévu dans les prochains jours.