SN6201L - Aktiv géint Gewalt : Selbstbehaaptung
Public cible
Op fir all Public.
Keng speziell kierperlech Viraussetzung ass erfuerderlech.
Objectifs
Hutt Dir Angscht wann Dir
eleng am Däischtere sidd?
Hutt Dir Aktivitéiten opgi well Dir Angscht hutt?
Wat bréngt Iech a Gefor a wéi realistesch kënnt Dir dës Gefor bewäerten?
Wéi sollt Dir Iech am Fall vun engem Attack behuelen?
Kënnt Dir Iech
effektiv verdeedegen?
Gitt Dir alles op?
Contenu
D'regional Präventionsstell vun der Police Lëtzebuerg Regioun capitale
trainéiert an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Institutiounen interesséiert
Matbierger zum Thema "Selbstbehaaptung".
Selbstbehaaptung fänkt an den Iwwerleeunge schonns un d.h. am Kapp. Do mussen
grondleeënd Verdeedegungsmuster ugeluecht ginn.
D'Participante vun dëser Formatioun solle gedanklech dohi geféiert ginn,
Geforen ze erkennen an gegeebenenfalls di entspriechend Reaktioun ze hunn.
- D'Formatioun ëmfaasst folgend Punkten :
- Kontaktopnam mat der Police Lëtzebuerg ;
- är Reaktiounsméiglechkeeten ;
- är Rechter a Flichten ;
- d'Geriichtsprozeduren ;
- verhalensbaséiert Präventioun ;
- Mental Virbereedung fir geféierlech Situatiounen an Zukunft besser ze
erkennen an ze vermeiden ;
- Deseskalatiounstraining (30% Theorie ; 70% Praxis
).