Formation pour senior SN5901 - Entspaanten Ëmgang mat Stress

Cible

Leit mat akutem oder chroneschem Stress, oder déi sech präventiv em hier Gesondheet wëlle këmmeren.

Objectifs

Dir gitt méi opmierksam op Äre Kierper, Är Gedanken, Är Gefiller an Äert Verhalen. Esou kënnt Dir stresseg Situatiounen, mat Hëllef vu verschiddenen Techniken, méi entspaant iwwerstoen. Dir léiert ausserdeem aner einfach Methoden an Tipps kenne fir méi entspaant mat Stress am Alldag ëmzegoen.

Contenu

  • Wat  leeft genee am Kierper of wa mir an enger Stresssituatioun sinn?
  • Wat sinn negativ Suitten a Symptomer vu chroneschem Stress op de Kierper, de Geescht, d'Emotiounen an d'Verhalen?
  • Wéi kann ee Grübeleien a quälend Gedanken ënnerbrieche fir ze verhënneren dass se negativ Auswierkungen op ons an onsen Alldag hunn?
  • Léiert verschidden Entspanungstechnike kennen an übt se ënnert der Leedung vun engem Entspanungstrainer (progressiv Muskelrelaxatioun, autogenen Training, Otemübungen,...)

Sessions

Il n'y a pas de cours de prévu dans les prochains jours.