Cours du soir C3013 - Seng Steiererklärung ausfëllen

Public cible

Jiddwereen, den d’Prinzippie vum Lëtzebuerger Steierrecht a vun der Besteierung vun de Privathaushalter kenneléiere wëll. Jiddwereen, den eng Lëtzebuerger Steiererklärung fir Privatpersounen ausfëllen an/oder optimiséiere wëll.

Objectifs

  • D'Prinzippie vun der Besteierung vun de gebittsusässege an net gebittsusässegen Steierflichtege kenneléieren. 
  • Sech mat der perséinlecher Steierflicht an der kollektiver Besteierung vertraut maachen.
  • D'Steierklassen an d'Struktur vun der Akommessteiertabell kennen.
  • Verstoen, wéi dat besteierbaart Akommes bestëmmt gëtt : Generalitéiten an allgemeng Bestëmmungen.
  • Déi verschidde Kategorie vu Revenuë kennen.
  • Ënnerscheede kënnen tëschent besonneschen Ausgaben an der Steiererméissegung fir ausseruerdentlech Ausgaben.
  • D'gescholdte Steier berechne kënnen : Tariffer a Steierfräibeträg.
  • D'Steiererhiewung verstoen : Avancen, Lounsteierausgläich a Verzugszënsen.
  • Déi verschidde Rechtsmëttele kennen.

Prérequis

Keng.

Sessions

Il n'y a pas de cours de prévu dans les prochains jours.