SN1103L-1 - Déi elektronesch Ënnerschrëft a Luxtrust

Contenu

Wann ee vun doheem aus mam Staat oder enger Bank wëll a Kontakt trieden, muss een sech kënnen elektronesch ausweisen. 

Déi Digital Identitéit garantéiert e sécheren Zougang zu Online Servicer an erlaabt ausserdeem E-Banking duerchzeféieren. Et huet ee souguer d'Méiglechkeet Dokumenter elektronesch z'ënnerschreiwen:

•      LuxTrust Mobile a LuxTrust Scan.

Mir weisen Iech wéi eng Méiglechkeeten datt et gëtt fir sech auszeweisen an elektronesch ze ënnerschreiwen. 

Mir kucken dann och wat mer an Zukunft nach alles am digitale Portmonni fannen:

•      Déi digital Identitéitskaart an de Führerschäin.

Well dëst eng praktesch Ausbildung ass, ass et recommandéiert déi néideg privat Geräter, wéi zum Beispill de Smartphone, matzebréngen.

Sessions

18.05.2026
LU - JE
Cours en présentiel
Luxembourg
40 €
12.10.2026
LU
Cours en présentiel
Luxembourg
40 €