Privatpersounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, de Beruff wiesselen oder hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d’Weiderbildung.

D’Bäihëllefsmoossnamen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, kënne follgend Formen unhuelen:

  • Bezuelte Spezialcongé: Individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé fir sech ze forméieren, woubäi d’Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun en fonction vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • Finanziell Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien, Programm Erasmus+…

Déi verschidde Mesuren, fir d’Demarchë fir den Zougang zur Formatioun ze vereinfachen gi presentéiert.

D’Informatiounsveranstaltung gëtt als Presentiel-Veranstaltung (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D’Participantë vun der Presentiel-Veranstaltunge kréien och d’Méiglechkeet direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.

An Zesummenaarbecht mat der Chambre d’Agriculture, der Chambre de Commerce, der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics, der Chambre des Métiers, der Chambre des Salariés, dem INFPC an dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend organiséiert.

Other events

Themed workshops 24 June 2024

Congés et aides à la formation continue

Read
Themed workshops 23 May 2024

Stage et job d’étudiant : soyez informés et préparés !

Read
Briefings 16 May 2024

Bachelor Universitaire de Technologie MT2E

Read
Conferences | Colloquia 15 May 2024

Des résultats concrets pour le Socle européen des Droits sociaux…

Read
All our events