Publié le 21 octobre 2025
Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg.
Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama social vun der CSL op a sichen no Léisungen.
Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren…
Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.