Publié le 22 février 2024
NEW WORK#10 – Sozialwalen
2024 ass keen normaalt Joer fir d’CSL: Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d’CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag.
Wat waren d’Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten « Acquis sociaux », déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollte Salariée sech un de Sozialwale bedeelegen?
D’Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin, an de Sylvain Hoffmann zënter 2019 den Direkter vun der CSL. An dësem Podcast kucken si zesummen op 100 Joer Geschicht zeréck a ginn e Bléck op dat, wat nach alles muss gemaach ginn.