Publié le 22 février 2024

NEW WORK#10 – Sozialwalen

2024 ass keen normaalt Joer fir d’CSL: Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d’CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag.

Wat waren d’Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten “Acquis sociaux”, déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollten Salariéen sech un de Sozialwalen bedeelegen?

D’Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin, an de Sylvain Hoffmann zënter 2019 den Direkter vun der CSL. An dësem Podcast kucken si zesummen op 100 Joer Geschicht zeréck a ginn e Bléck op dat, wat nach alles muss gemaach ginn.

Entdeckt de ganze Podcast