D’Informatiounsversammlunge fanne statt:

  • den 19/10/2026 – op Franséisch (18h00 – 19h00)
  • den 26/10/2026 – op Lëtzebuergesch (18h00 – 19h00)

Privatpersounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, de Beruff wiesselen oder hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d’Weiderbildung.

D’Bäihëllefsmoossnamen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, kënne follgend Formen unhuelen:

  • Bezuelte Spezialcongé: Individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé fir sech ze forméieren, woubäi d’Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun en fonction vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • Finanziell Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien, Programm Erasmus+…

Déi verschidde Mesuren, fir d’Demarchë fir den Zougang zur Formatioun ze vereinfachen gi presentéiert.

D’Informatiounsveranstaltung gëtt als Livestream iwwerdroen.

D’Participatioun ass gratis, mä d’Umeldung ass obligatoresch.

Autres évènements

Séances d'information
13 mars 2027

Formations universitaires et spécialisées – Rentrée académique 2027

lire
Séances d'information
13 janvier 2027

Présentation de la nouvelle brochure « Formations pour seniors » – Programme pour l’année 2027

lire
Conférences | Colloques
1 décembre 2026

Which side are you on? La grève au cinéma

lire
Séances d'information
23 novembre 2026

Semaine de l’inclusion numérique 2026

lire
Tous nos évènements