Ënnert der Validation des acquis de l’expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfahrung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien, d. h.:

  • en Diplom oder Certificat vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d’études secondaires générales, DT – Diplôme de technicien, DAP – Diplôme d’aptitude professionnelle, CCP – Certificat de capacité professionnelle),
  • eng Meeschterkart (brevet de maîtrise) am Handwierk,
  • en Universitéits- oder Héichschouldiplom oder -brevet (Master, Bachelor, BTS – Brevet de technicien supérieur).

D’VAE ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfahrung, déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d’Eenzelpersoun an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.

D’VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

D’Kandidate fir d’VAE mussen hir bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, ausgeübt hunn. Den Diplom, fir deen eng VAE-Demande agereecht gëtt, muss mat der ausgeübter Aktivitéit zesummenhänken.

Den INFPC presentéiert, wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.

  • 15/03/2021 – Informatiounsversammlung iwwert d’VAE (18h00 à 19h30)
  • 22/03/2021 – Informatiounsversammlung iwwert d’VAE (12h00 à 13h30)

D’Participatioun ass gratis, d’Umeldung fir d’Versammlung ass obligatoresch.

Bei de Presentiel-Veranstaltunge ginn d’Gesondheetsbestëmmunge strikt agehalen. D’Participantë vun de Livestream-Veranstaltunge kréien no hirer Aschreiwung e Link, fir sech ze connectéieren.

Autres évènements

Ateliers thématiques 24 novembre 2023

Une politique monétaire à la hauteur des défis ?

lire
Ateliers thématiques 24 octobre 2023

Droit à la déconnexion et protection des lanceurs d’alerte : comment…

lire
Séances d'information 23 octobre 2023

Congés et aides à la formation pour particuliers

lire
Conférences | Colloques 18 octobre 2023

Orientation tout au long de la vie – Conseil en…

lire
Tous nos évènements