D’Gemeng Munneref, an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen ass houfreg lech matzedeelen, dass d’Wanderausstellung « Les Exclus du Festin – La pauvreté au Luxembourg », eng lnitiativ vun den Hare Claude Frisoni a Raymond Reuter an der Ënnerstëtzung vun der Chambre des salariés de Wee op Munneref fonnt huet.

Dës beandrockend Ausstellung behandelt de Phenomen vun der Aarmut zu Lëtzebuerg. Mat hirem eenzegaartege Stil, wëllen d’lnitiatore weisen, dass hannert de schockéierenden Aarmutszuelen, d’Schicksaler vun den eenzelne Mënsche stinn, déi aus verschiddenste Grënn a schwieregen, souguer verzweiwelte Situatiounen erëmfannen. Domat verdaitleche si, wéi dréngend Verbesserungsmoossname vun der Lag am Land erfuerderlech sinn.

 

Vernissage, en Donneschdeg, de 25. Juni 2026 um 18 Auer am Bierger- a Kulturhaus vun der Gemeng Munneref

Ëffnungszäite vun der Ausstellung :
Méindes, denschdes, donneschdes : 8:00 – 12:00 , 13:30 – 16:00
Mëttwochs : 8:00 – 12:00 , 13:30 – 16:00 (all 1. Mëttwochs am Mount bis 18:30)
Freides : 7:00 – 15:00

 

TABLE RONDE

Zum Thema « Aarmut an Exklusioun bei eis »

En Donneschdeg, de 25. Juni 2026 um 19:00 Auer am Bierger-a Kulturhaus vun der Gemeng Munneref

Mat Vertrieder aus dem soziale Secteur vu Lëtzebuerg

Participante vun der « Table Ronde » :

  • Claude Roeltgen – Expert vun der CSL
  • Melinda Roll – Office social commun Mondorf/Dalheim
  • Jessica Lopes – CEFIS
  • Dr Yann Gorges – Médecins du Monde
  • Carole Reckinger – Commission des Droits de l’Homme
  • Julien Gannard – ASTI
Eventinfos
  • Bierger-a Kulturhaus
    1, place des Villes Jumelées
    L-5627 Mondorf-les-Bains
  • 25 Juni 2026
  • 18:00

Andere Veranstaltungen

Informationsveranstaltungen
26 Oktober 2026

Formatiounscongé a -bäihëllefe fir Privatpersounen

Mehr
Informationsveranstaltungen
19 Oktober 2026

Congés et aides à la formation pour particuliers

Mehr
Konferenzen | Kolloquien
24 Juni 2026

IA et santé – défis et opportunités

Mehr
Konferenzen | Kolloquien
17 Juni 2026

Du puzzle à la mosaïque – Déconstruire les mythes sur l’immigration

Mehr
Alle unsere Veranstaltungen