Ënnert der Validation des acquis de l’expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfarung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien, d. h.:

  • en Diplom oder Certificat vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d’études secondaires générales, DT – Diplôme de technicien, DAP – Diplôme d’aptitude professionnelle, CCP – Certificat de capacité professionnelle),
  • eng Meeschterkart (brevet de maîtrise) am Handwierk,
  • en Universitéits- oder Héichschouldiplom oder -brevet (Master, Bachelor, BTS – Brevet de technicien supérieur).

D’VAE ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfarung, déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d’Eenzelpersoun an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.

D’VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

D’Kandidate fir d’VAE mussen hir bezuelten oder benevolen Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung mindestens 3 Joer, d. h. 5 000 Stonnen, ausgeüübt hunn. Den Diplom, fir deen eng VAE-Demande agereecht gëtt, muss mat der ausgeüübter Aktivitéit zesummenhänken.

Et gëtt erkläert wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.

D’Informatiounsveranstaltung gëtt als Presentiel-Veranstaltung (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D’Participantë vun der Presentiel-Veranstaltunge kréien och d’Méiglechkeet direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.

An Zesummenaarbecht mat der Chambre d’Agriculture, der Chambre de Commerce, der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics, der Chambre des Métiers, der Chambre des salariés, dem INFPC an dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend organiséiert.

Andere Veranstaltungen

Themenworkshops 24 Juni 2024

Congés et aides à la formation continue

Mehr
Themenworkshops 23 Mai 2024

Stage et job d’étudiant : soyez informés et préparés !

Mehr
Konferenzen | Kolloquien 15 Mai 2024

Des résultats concrets pour le Socle européen des Droits sociaux…

Mehr
Informationsveranstaltungen 13 Mai 2024

Formatiounscongé a -bäihëllefe fir Privatpersounen

Mehr
Alle unsere Veranstaltungen